Love letters
Op Lëtzebuergesch

A.R. Gurney

D’Melissa an den Andrew, si déi rebellesch Duechter aus feinem Haus, sensibel, labil, ëmmer op der Sich nom Sënn an Halt am Liewen, an hien, den amerikaneschen Opsteigerdram,
intelligent, verantwortungsbewosst, dee Mann deen als Senateur mat Billerbuch-Karriär a Billerbuch-Familljeliewen Erfolleg wäert hunn, si zwee tausche schon an der Primärschoul kleng
Ziedelen aus.

An hirem ganze Liewen wäert en onkonventionelle Bréifwiessel si matenee verbannen. An och wann se am entscheedende Moment net de Courage hunn hir Léift ze liewen, a wéi zwee Kometen
ëmmer erëm laanschtenee sausen, sou «liewen» se an hire Bréiwer alles.

Sou ass dem A.R. Gurney säi Stéck eng beweegend Libesgeschicht, intelligent, witzeg, an déi eis all beréiert. Kee Wonner, datt se zanter Joren zu de grousse bestännegen
Theatersuccès’en zielt an a méi wéi drësseg Sproochen iwwersat gouf. Vrun zwee Joer gouf d’Stéck am TOL, och ënnert der Regie vum Marion Poppenborg, op franséisch gespillt. Dofir ass den
Theater.lu frou grad am TOL déi lëtzebuergesch Versioun kënnen ze kreéieren.

Accueil/ Op Lëtzebuergesch

Dates

De 14, 15 a 16 Dezember um 20h30

Traduction

Marcel Hamelius

Droits d'auteur

Josef Weinberger Limited London

Mise en scène

Marion Poppenborg

Avec

Claude Fritz an Danielle Wenner

Date(s)
Places dispo.
Réserver
Notes

 

Partager cette page
Effacer